RaRo waat as daat ?
D’Ranger an d’Rover si Jugendlech, Meedercher a Jongen vu 17 bis 23 Joër. Sie bilden déi iewecht Branche vun eisem Verband. Hir Ziler sin domat déi nämlecht wéi déi vum ganze Verband. Mee, eleng duerch den Alter ergi sech aner Méiglechkeeten an Ufuerderungen.
D’RaRo sin an engem Alter, wou si wichteg Entscheedungen treffe mussen oder virbereeden : d’Wiel vum Beruf, d’Wiel vun engem Liewenspartner an d’Wiel vun enger Liewensorientatioun. Den Numm vun der Branche, Route as Ausdrock vun dësem sichen an ennerwee sin. D’Ziler vun der Route orientéieren sech un de Besoinen vun de Jugendlechen. Si huet als grousst Zil, dass déi Jugendlech lues a lues duerch Aktiounen bewosst un hirem Erwuesse-sin, Engagéiert-sin a Chrëscht-sin schaffen. Eis Method bidd dobäi e Kader. D’Method bei der Route as eng altersgerecht Uwendung vun der Scoutsmethod. Eis Method huet also déi nämlecht Charakteristiken, Typ vun Aktivitéiten an Art a Weis fir se durchzeféieren, wéi déi vun den anere Branchen. Mee bei eis as den eenzelne méi gefuerdert, et as eis wichteg, dass d’RaRo bewosst un hirer egener Perséinlechkeet schaffen. Zur Method gehéiert : d’Liewen an engem Grupp.
De Grupp wou d’RaRo sech treffen nennt sech Clan. Dëse Clan trefft sech regelméisseg a Versammlungen a setzt sech Ziler a Regelen. D’RaRo léieren zesumme schaffen an huelen Decisiounen zesummen. Mir schwätze vu Cogestioun. All RaRo mecht a sénger Route-Laafbunn eng Progressioun mat.
De Projet – De Projet as bei der Route dat, wat bei de CaraPio d’Entreprise as. Et as e praktescht Emsetze vun der Scoutsmethod. Als Projet gëllen all méiglech Aktivitéiten awer dem Alter ugepasst. Et gët sech an Themen erageschafft a jidferee soll Konsequenze fir séng egen Haltung zéien. Beim Plange vum Projet huelen d’RaRo Responsabilitéiten un. Beim Ofschloss gët e Bilan gemaach. De Camp-Volant. D’RaRo sin an engem Alter, wou si hierem Liewen eng Orientatioun musse gin : se sin ënnerwee. De Camp-Volant as dowéinst eng ugepassten Aktivitéit fir eis Branche.
Reliéis Aktivitéiten. De reliéise Beräich as wahrscheinlech deen, wou déi mannste RaRo a Chef/tainen eenz gin. Eng Hëllef dëst Thema unzegoën, bidden eis Thematesch Weekender. Gruppendynamesch Spiller. Dës Spiller hëllefen, sech den Haltungen a Situatioune bewosst ze gin. Konflikter gin thematiséiert a net einfach verdrängt. Et gët eng kënschtlech Situatioun geschaf an där kee brauch Angscht ze hun, säi Standpunkt ze vertrieden. Et bleiwt ëmmer nëmmen e Spill. Coeducatioun an Développement communautaire. 

D’Gesellschaft entwéckelt sech ëmmer weider, an eist Mouvement muss sech lafend neien Erausfuerderunge stellen. Zwee Problemkreesser goufen esou an de leschte Joëren thematiséiert. D’Zesummeliewe vu Mann a Fra, an d’Gemeinschaft op lokalem, nationalem an internationalem Plang. D’Coéducatioun an den Développement communautaire bezeechnen eis Erzéiungsaarbecht op dësen zwee Gebidder.