D’Biber sinn d’Branche vun deene Jéngste bei de Lëtzebuerger Guiden a Scouten, si riichte sech u Kanner aus dem 1. an 2. Schouljoer.

An der Bibermethod wëlle mir de Kanner d’Liewen am Grupp, wou ee fir deen aneren do ass, de Respekt fir deen aneren a fir d’Natur méi no bréngen. D’Kanner solle fir déi Welt op där mir alleguer zesumme liewe begeeschtert ginn a mir wëllen déi fir d’Kanner typesch positiv Astellung ënnerstëtzen. D’Kanner sollen an hirer Entwécklung gestäipt ginn, si solle léieren sech auszedrécken. Si erliewen dass mir all zu enger grousser Famill gehéieren, dass mir all d’selwecht sinn, och wa mir aner Kulturen, aner Reliounen, eng aner Sprooch oder eng aner Hautfaarf hunn. Wéi d’Biber an der Natur, léieren d’Kanner hiert Ëmfeld ze erfaassen an erliewen d’Schéinheete vun der Natur ouni awer d’Geforen ze ignoréieren.

D’Haaptelementer fir de Kanner d’Bibermethod no ze brénge sinn d’Bibergeschicht, d’Kniwwel an d’Spill. Mat enger klenger Geschicht ginn d’Kanner an d’Thema agefouert. Duerch d’Kniwwel sollen d´Kanner hir eegen Talenter entdecken a mat verschiddene Materialien Bekanntschaft maachen. Et geet net drëm, dass d’Kanner alles fäerdeg bréngen a kleng Konschtwierker schaafen. Villméi solle si hir Fäegkeeten ausprobéiere kënnen. Duerch d’Spill kënnen d’Kanner sech op eng aktiv an experimentell Manéier mat hirem Ëmfeld an hirer Ëmwelt auserneesetzen.