Mir, d’Bouneweger Wëllef, si Jongen a Meedercher déi tëscht 8 an 11 Joer al sinn an déi Loscht op Abenteuer a Frëndschaft hunn. Mir treffen eis regelméisseg fir zesummen op enger Spillerescher Aart a Weis iwwert Handaarbecht (Kniet, Feier, Kachen,…), Natur, Orientatioun an Zesummeliewen ze léieren.