D’Ofkierzung “AvEx” steet fir Aventuren an Explorer. D’Avex sinn Jongen an Meedercher am Alter tëscht 11-14 Joer an fänken un eegestänneg ze schaffen, Verantwortung ze iwwerhuelen an dobäizeléieren. 

Den “learning by doing” steet hei am Virdergrond an begleet den AvEx bei 

sengen Aktivitéiten wéi z.B. Féier maachen oder Konstruktiounen bauen. Nieft den Expeditiounen, déi iwwer eng Partie Versammlungen oflafen, ginn d’AvEx op Weekender an schlofen an verschiddenen Chaleten an eisem Land. Hei steet natierlech den Spaass an d’Erliewen vun flotten Momenter am Fokus.

Als Ofschloss vum Joer ginn si dann am Summer op een Camp am In-oder Ausland, wou si an Zelter schlofen, um Feier kachen, op den Hike ginn oder einfach nëmmen Natur dobaussen genéissen.