Albatrossen

D’Albatrosse si Guiden a Scouten déi méi al wéi 23 Joer sinn an trotzdeem nach aktiv am Grupp matmaache wëllen. Si bleiwen Member vum Grupp an ënnerscheede sech doduerch vun enger Amicale oder Gilde. RaRo, déi 23 Joer al ginn, kënnen am nächste Scoutsjoer bei d’Albatrosse wiesselen.

D’Albatrosse si keng offiziell Branche a hunn dofir och keng fest Method. Si orientéieren sech awer un de selwechten Ziler a Wäerter wéi de Verband.

D’Zil ass et, datt Erwuessener dem Grupp weiderhi verbonne bleiwen, och wann si am Beruffs- oder Familljeliewen stinn. Si kënnen de Grupp mat hirer Erfahrung ënnerstëtzen, bei Aktivitéiten hëllefen oder och eng Cheffunktioun iwwerhuelen. Nieft der Ënnerstëtzung vum Grupp organiséiere si och eegestänneg Aktivitéiten, wéi Treffen, Weekender oder Campen, fir de Scoutsgeescht weider ze liewen.