D'Lëtzebuerger Guiden a Scouten Bouneweg ASBL

 

De Grupp St. Louis – Ste. Imine verfüügt iwwer en Terrain mat engem Chalet an enger grousser Garage. Dës gehéieren der ASBL Lëtzebuerger Guiden a Scouten Bouneweg déi 1945 gegrënnt gouf wéi d'Scoute vu Bouneweg den Terrain geierft hunn, wou de Chalet dropsteet. De Chalet gouf 1948 gebaut. 2011 ass de Chalet bäigebaut ginn an 2014 ass d'Garage derbäi komm. Säit 1998 setzt d'ASBL sech duerfir an dass déi Mauer déi laanscht den Terrain steet, renovéiert gëtt, datt d'Guiden a Scouten hir Wiss, déi aus Sécherheetsgrënn gespaart ass, erëm kënne fir hir Aktivitéite benotzen.