D'Amicale vun de Scouts St. Louis – Ste. Irmine Bouneweg

 

D'Amicale ass e Gruppement deen zum Grupp St Louis-Ste Irmine gehéiert. Hir Membere sinn am Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten ageschriwwen.

 

D'Amicale besteet aus Erwuessenen déi sech fir de Guiden- a Scoutsgrupp asetzen. Si iwwerhuelen Aufgaben am Chalet oder bei groussen Aktivitéite vum Grupp, a maachen domat de Chef d'Hänn fräi vun Aarbechten déi net direkt mat de Kanner a Jugendlechen ze dinn hunn.

Sou hëllefen si zum Beispill bei Theater, Buergbrennen a Guiden- a Scoutskiermes. Si këmmeren sech och ëm di grouss Aarbechten déi am Chalet musse gemaach ginn.

Jiddereen dee sech fir de Guiden- a Scoutsgrupp wëll engagéieren, ka matmaachen. Et ginn ëmmer Leit gebraucht déi eng Hand mat upaken oder organiséiere kënnen.